D'Police deelt matDrogendealer zu Bouneweg gepëtzt an eng Partie Abréch

RTL Lëtzebuerg
E Sonndegnomëtteg huet d'Police zu Bouneweg e presuméierten Drogendealer festgeholl, dee Bulle mat Kokain an Heroin dobäi hat.

Hie war de Beamten an der Géigend vun enger karitativer Ariichtung an der Route de Thionville opgefall. Bei enger Persounekontroll konnte si nieft de Bulle och Opioid-Pëllen, eng gréisser Geldzomm, e Messer an ënnerschiddlech Drogenutensilie sécherstellen.

Uschléissend gouf dem Verdächtege seng Wunneng duerchsicht, woubäi iwwer 100 Gramm Heroin a méi wéi 300 weider Opioid-Pëlle konnte saiséiert ginn. Hie gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter, deen Untersuchungshaft ordonéiert huet.

Iwwerdeems gouf an de leschten Deeg e puer mol agebrach

Tëscht dem 21. an dem 27. Dezember gouf an en Haus an der Rue Charles Frédéric Mersch zu Biissen agebrach. Den Abriecher war hei duerch eng Fënster agedrongen an hat eng Partie Wäertgéigestänn geklaut.

E weideren Abroch gouf et dann tëscht dem 23. an dem 28. Dezember moies an der Rue de Schiltzberg zu Guedber.

De 27. Dezember hat en Abriecher tëscht 3 an 11 Auer moies eng Terrassendier opgebrach an eng Fënster vun enger Dier ageschloen, fir an en Haus an der Rue Renert zu Suessem eranzekommen. Duerno hat hie sämtlech Zëmmer duerchsicht an eng Rei Wäertgéigestänn geklaut.

Ausserdeem war de 27. an en Haus an der Rue Marc Reuland um Kierchbierg agebrach ginn. D’Täter haten eng Fënster op der Récksäit vum Haus opgebrach a Bijoue geklaut.

An der Nuecht vum 27. op den 28. Dezember waren onbekannte Persounen an en Haus an der Rue d’Ettelbrück zu Miesdref agedrongen, wärend d’Bewunner geschlof hunn. D’Abriecher konnten eng Partie Saache klauen an onbemierkt flüchten.

De Moie vum 28. Dezember krut d’Police en Abroch an der Syrdallstrooss zu Manternach gemellt. D’Abriecher haten d’Terrassendier ageschloen, fir an d’Haus ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO