
Problematesch ass esou eng Ëmsetzung awer, well déi stänneg Disponibilitéit mëttlerweil e Gesellschaftsphenomen ginn ass. Ma dowéinst goufen ënnerschiddlech Propose gemaach.
„Et geet net dorëm, en Droit à la déconnexion ze schafen, et geet dorëm, engem Droit à la déconnexion um Terrain Gültegkeet ze verschafen“, seet de Jean Jacques Rommes, President vum Aarbechtsgrupp am Conseil Economique et Social bei der Presentatioun vun hirem Avis. Well eigentlech huet nämlech, dem Aarbechtsrecht no, haut schonn all Salariée d’Recht net musse ronderëm d’Auer erreechbar ze sinn. D‘Realitéit gesäit awer dacks anescht aus.
„Et gëtt haut keng Obligatioun fir e Betrib, fir e Regime intern ze hunn, bei deem e kloerstellt, dass an deem Betrib den Droit à la déconnexion och respektéiert gëtt“.
Aus deem Grond soll am Code du Travail, bei den Dispositioune wat d’Santé au Travail ugeet, en Artikel bäigesat ginn, wou d’Recht, offline ze sinn, verankert gëtt. Besonnesch am Secteur des Services wier nämlech d’Grenz vun Aarbechtszäit a Fräizäit dacks net kloer genuch. Säit dem Teletravail souguer ëmsou méi.
Et wier ee sech awer bewosst, datt een dës iwwert d’Jore gewuesse Mentalitéit net vun haut op muer ännere kann, sou de Christophe Knebeler, Rapporter vum Aarbechtsgrupp.
„Nieft dann dëser Propositioun, wéi dann de Code du Travail soll adaptéiert ginn, fir den Droit à la déconnexion do anzeschreiwen, hu mer natierlech och drop higewisen als CES, dass och nach zwou aner Mesuren do dernieft musse geholl ginn, déi eigentlech begleedend musse wierken an dat ass alles wat Sensibilisatiounsaarbecht ugeet a Formatioun.“
Doriwwer eraus ass awer och e penale Volet virgesinn. D’ITM soll kontrolléieren ob d'Recht op Deconnectioun an de Betriber garantéiert ass.
„Am Fall wou dann déi Dispositiounen net géinge respektéiert ginn, kéint eng Sanktioun ausgeschwat ginn. D’Montante sinn déi klassesch Montante wéi der se och bei aneren Dispositiounen am Code du Travail erëmfannt. Dat heescht 251 bis 25.000 Euro."
Ma d’Strof soll awer ënner anerem vun der Gravitéit vum net Anhale vun de gesetzlechen Dispositiounen a vun der Gréisst vum Betrib ofhänken.
Den CES hofft elo drop, datt hiren Avis vum Legislateur ugeholl gëtt. De Conseil war vum Aarbechtsminister mam Ausschaffe vun dësem beoptraagt ginn, nodeems si schonn en Avis zu der Reegelung vum Teletravail ofginn haten.