Zu Lëtzebuerg ass exklusiv d’Croix-Rouge fir d’Bluttspenden zoustänneg. Si hëlt de Spender d’Blutt of, kontrolléiert et am Labo, stockéiert a verdeelt et un d’Spideeler. Et ass en Déngscht un der Ëffentlechkeet, deen awer säi Präis huet. An den Ament geet d’Rechnung net méi op.
70 Mataarbechter zielt de Service vum Roude Kräiz, dee sech ëm d’Bluttspende këmmert. Wat elo de Finanzement ugeet, do gëtt et all Joer eng Enveloppe vum Staat. De Rescht kënnt vun de Spideeler, déi d’Bluttkonserve souzesoe bei hinnen akafen. D’CNS leet Tariffer fest, déi d’Klinicke fir d’Bluttkonserve bezuelen. De Problem ass, datt déi Tariffer zënter e puer Joren net méi ugepasst goufen.
Suen, déi aus Done kommen an eigentlech op anere Plaze gebraucht ginn.
“1,2 Milliounen hu mir 2023 bäigeluecht, dëst Joer gi mir vun 2 Milliounen aus”, seet de Michel Simonis, Direkter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.
Fir d’Bluttspende misst ee sech en neie Finanzéierungsmechanismus iwwerleeën, fuerdert d’Croix-Rouge. Et wier een och schonn a Gespréicher mat der Regierung an der CNS.