Seng roueg Manéier, eng ganz komplex Matière verständlech eriwwer ze bréngen, huet hien esou ze soen, zum “Erklärer vun der Natioun” gemaach.
Fir de Spezialist fir Infektiounskrankheeten, studéiert a gefuerscht op den Universitéiten Oxford a Genève, ass et eng Karriär, déi bal ganz duerch RNA-Vire bestëmmt ass.
E Liewen, an deem awer och d’Musek eng net onwichteg Roll spillt. Am Kader vun eise Joresréckblécker huet de Frank Goetz den Dr. Schockmel an engem bëssen aneren Ëmfeld begéint.