Buedempersonal streikt bis op WeideresLaang Waardezäiten a méiglech Verspéidungen um Fluchhafen zu Barcelona

RTL Lëtzebuerg
Well d'Buedempersonal um Fluchhafe vu Barcelona bis op Weideres streikt mussen d'Passagéier an den nächste Deeg mat méigleche Verspéidungen a méi laange Waardezäite rechnen.
Den "El Prat" Fluchhafen zu Barcelona, fotograféiert den 3. Mäerz 2026.
Den "El Prat" Fluchhafen zu Barcelona, fotograféiert den 3. Mäerz 2026.
© URBANANDSPORT/NurPhoto via AFP

Zënter dem 4. August streikt um Fluchhafe vu Barcelona d'Buedempersonal, dat bis op Weideres. D'Aktioun betrëfft virun allem den Check-in, den Transport vum Gepäck an de Boarding, wouduerch et zu zu Stéierungen am Fluchbetrib kéint kommen.

D'Luxair deelt an deem Kader mat, datt si "d'Situatioun am A behält an all méiglech Moossnamen hëlt, fir d'Auswierkunge fir hir Passagéier esou kleng wéi méiglech ze halen". Dem aktuelle Plang no sollen d'Flich vun an op Barcelona zwar stattfannen, Verspéidunge kéinten awer net ausgeschloss ginn.

Passagéier, déi an de kommenden Deeg vun oder op Barcelona fléien, ginn opgefuerdert, op d'mannst dräi Stonne virum Depart um Fluchhafen ze sinn. Wéinst dem Streik misst mat méi laange Waardezäite gerechent ginn.

Sollt et Ännerunge bei de Flich ginn, géif d'Luxair déi betraffe Clienten direkt iwwer d'Kontaktdonnéeë vun der Buchung informéieren.

Back to Top
CIM LOGO