
Ma duerch déi enorm laang Waardezäite ginn d‘Tensioune géintiwwer vum Personal an d‘Luucht. D‘Salariée géingen ëmmer méi dacks Aggressiounen ausgesat ginn an hiren Alldag wär net just markéiert duerch reegelméisseg Iwwerstonnen, ma och duerch een extrem héijen Aarbechts-Rhythmus.
Déi privat Laboen hätte sech an der Kris zu richtegen Dréischeiwe vum Sozial-Dumping entwéckelt, kritiséiert den OGBL an engem Communiqué.
D‘Gewerkschaft wëll dofir an den nächste Méint d‘Ëffentlechkeet an d‘Politik sensibiliséieren an op déi miserabel Aarbechtskonditioune vu Salariéen a Privatlaboen opmierksam maachen.
D‘Pandemie hätt gewisen, dass de Secteur vun der medezinescher Biologie essentiell wier an deemno misst een deen och ënnerstëtzen, sou schreift et den OGBL.