
Grouss Pëtrolskonzerner maachen Milliarden Profitter, wärend d'Leit héich Energiepräisser bezuelen an d'Klimakris sech weider verschäerft. Dat kritiséieren déi Lénk an engem Schreiwes. Gläichzäiteg géif de Lëtzebuerger Pensiounsfong nach ëmmer Honnerte Milliounen Euro an d'Fossilindustrie investéieren. Déi Lénk fuerderen dofir eng Windfall-Steier op aussergewéinlech Gewënner, e Stopp vun dësen Investissementer an eng vill méi konsequent Politik fir d'Ofhängegkeet vu fossillen Energien ze reduzéieren an d'Energietransitioun virunzebréngen.