
De Schwammbaseng ass 25 op 15 Meter an ënnerdeelt an zwou Partien, een Deel mat enger Déift vun 3,80 Meter, den aneren Deel ass tëscht 0 an 2 Meter.
An der Woch ass d’Piscine fir de Public zou, samschdes ass se dann op vun 12 bis 20 Auer, sonndes vun 8 bis 12 Auer. Bei de Präisser läit ee bei 3,40 Euro an 1,70 Euro fir Kanner vun 3 bis 15 Joer.
Iwwregens ass den ënnerierdesche Parking an der Tréierer Strooss accessibel. 95 Plaze si fir d’Visiteure vun der Schwämm virgesinn.