
D’sozial Cotisatioune sinn duerch d’Hausse vun der Zuel vu Leit, déi cotiséieren, mee och duerch zwou Indextranchen ëm eng Hallef Milliard Euro op 7,3 Milliarden Euro geklommen.
Ënner anerem dat geet aus dem Joresrapport vun der sozialer Versécherung, deen de Centre commun de la sécurité sociale en Dënschdeg publizéiert huet, ervir. De Centre commun huet zejoert och 283 Kontrolle gemaach, dat géigeniwwer 202 am Joer virdrun. Well et ëmmer méi Aarbecht géif, gouf d’Personal vum CCSS och ëm 3% opgestockt.