Stéifkand FëschereiD’Sportfëscher bekloe sech iwwer den Desintressi vun der Regierung

RTL Lëtzebuerg
Hir Problemer sinn zënter Joer an Dag déi selwecht a si fille sech reegelrecht ignoréiert: rieds geet vun de Sportfëscher.
D’Sportfëscher bekloe sech
Hir Problemer sinn zënter Joer an Dag déi selwecht a si fille sech reegelrecht ignoréiert: rieds geet vun de Sportfëscher.

Déi hu wéi gewinnt op hirer Generalversammlung der Regierung d’Lewitte liesen. Verknaschte Flëss a Baachen, ëmmer manner Fëscherei-Gebidder. Et wier een ëmmerhin op ronn 10.000 ausgestallte Permisen, sou de President vun der Federatioun, mee trotz hirer Popularitéit, hätt d’Fëscherei zu Lëtzebuerg ëmmer nach schlecht Kaarten an et géif ee carrement ignoréiert. Déi Kéier ass net d’Waasserwirtschaftsamt den Haaptschëllegen, mee de Jos Scheuer iergert sech iwwer d’Ponts et Chaussées an deenen hir Chantiere laanscht Musel.

De Jos Scheuer

“Mir sinn a bleiwen d’schlecht Gewësse vun deenen, déi net op d’Natur oppassen”, d’Wierder vum President klénge liicht wéi eng Menace, zumools wann dee plazeweis seng Roserei net ka verstoppen. Éiweg schonn déi selwecht Problemer, just wéilt d’Regierung se net héieren. Kaum ze verstoen, iergert sech d’Federatioun, well d’Fëscherei hätt definitiv hir Plaz an eiser Gesellschaft.

Si fillen sech wéi d’Stéifkand an et hätt een d’Impressioun, dass alles gemaach géif fir si, d’Fëscher, vum Waasser ewechzedrécken. Ëmmer manner Fëschereigebidder, ëmmer manner Accès, virun allem un d’Musel a keen deen et intresséiert, sou d’Kritik an déi goung e Sonndeg virun allem un d’Stroossebauverwaltung, null Kollaboratioun.

Net e Carole Dieschbourg, mee den neie Minister fir Landwirtschaft, de Claude Haagen, huet versicht, d’Fëscher ze berouegen. Et wéilt keen d’Federatioun diskriminéieren, Wonner-Léisungen hätt hie keng, mee awer déi eng oder aner Iddi.

Am neien Agrargesetz, dat wuel am Fréijoer 23 virléich, géifen och hir Uleies gereegelt, wéi zum Beispill den Accès un d’Waasser. Vu Veianen goungen also op en Neits kloer Messagen u Gambia, mee de Fëscherei-Dossier läit a ville Ministèren.

Back to Top
CIM LOGO