Äntwert op parlamentaresch FroD'Staumauer wäert 2022 nees genee inspizéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Vill erënnere sech un den eidele Stau bei Esch-Sauer, dee virun 30 Joer wéinst Inspektiounsaarbechte komplett dréche geluecht gi war.
© Eric Steichen / Archivbild

Och d'nächst Joer steet nees eng grouss 10-Joeres-Inspektioun vun der Haapt-Staumauer vum gréisste Lëtzebuerger Drénkwaasserreservoir un. Dat soen d'zoustänneg gréng Ministere Carole Dieschbourg a François Bausch an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.

D'Staumauer wier an engem gudden Zoustand, wat d'Bausubstanz ugeet, dat géifen déi reegelméisseg Inspektioune weisen, mä d'nächst Joer ass wéi gesot nees eng grouss Revisioun bei den Installatioune vun der Sebes geplangt. An der Haaptsaach gëtt d'grouss Staumauer dobäi vun Experten ënnert d'Lupp geholl.

Preziséiert gëtt och, datt de leschten Oktober den Niveau vum Stau mat 313 Meter, deen niddregsten zanter 2018 war.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro noliesen

Back to Top
CIM LOGO