
Datt et am Wanter méi enk gëtt, ass net aussergewéinlech, seet d’Andrée Heinricy, Doktesch am Blutttransfusiounszentrum vun der Croix-Rouge. Et ass d’Zäit vun den Erkältungen. Mä et gëtt och aner Grënn, datt déi ageschriwwe Bluttspender net onbedéngt disponibel sinn.
“Sief et, datt se einfach keng Zäit hunn, datt se net dozou kommen oder datt awer aner Saachen, déi eise Krittären entspriechen, se dozou hënneren. Dat kënne Reese sinn, dat kënne medezinesch Problemer sinn.”
D’lescht Joer waren iwwer 15.000 Leit als Bluttspender ageschriwwen. D’Croix-Rouge invitéiert all Dag eng 500 bis 800 vun hinnen, fir spenden ze kommen.
“Awer do kommen natierlech guer net esou vill Leit. Dat heescht, déi Leit, déi wierklech net krank sinn, déi Leit, déi iergendwéi et kënnen ariichten op der Aarbecht a mat soss Preoperatiounen, fir wierklech dann awer spenden ze kommen, mir wier ganz frou, wann déi lo géife soen, majo, lo ginn ech, well et ass wierklech de Moment, wou mer et brauchen.”
D’Zil ass, nees e Stock vun zwou Wochen unzeleeën. Dat sinn eng 800 Pochen. Elo grad och fir d’Feierdeeg ze preparéieren, wou d’Leit nach manner Zäit hätten, fir ze kommen.
D’Bluttspende ginn net nëmmen an den Urgence gebraucht, wa Patiente bei Accidenter vill Blutt verluer hunn, esou d’Andrée Heinricy. Mä zum Beispill och fir chronesch krank Patienten.
“Dat si ganz vill Kriibserkrankungen, wou effektiv Traitementer nëmme kënne gemaach ginn, wann och d’Leit ëmmer mol nees eng Blutttransfusioun kréien. Dat sinn da vläicht net ganz vill Baxtere beieneen, mä dat ass reegelméisseg iwwer länger Zäit, wou déi Leit Blutttransfusioune kréien. Oder bei Accouchementer, wou Problemer sinn. Och heiansdo nei gebuerene Kanner, wou muss en Austausch vum Blutt gemaach ginn.”
Der Croix-Rouge hiren Appell riicht sech an éischter Linn un déi ageschriwwe Bluttspender, ma och neier si wëllkomm. Mä wien dierf da Bluttspenden? Als éischt muss een tëscht 18 a 65 Joer al sinn, seet d’Andrée Heinricy.
“Mir froen natierlech, ob een an der leschter Zäit da reegelméisseg Medikamenter hëlt. Mir froen, ob een a Behandlung bei engem Dokter ass, fir eng Krankheet. Mir froen awer och no Reesen, well deemno wou ee gereest ass, zemol an tropesch Gebidder, do muss ee bis zu sechs Méint aussetzen, et sinn och verschidde Situatioune vum Liewensstil, soen ech emol, déi kënnen dozou féieren, datt een temporär net ka Blutt spenden, wéi een Tatouage, wou ee muss véier Méint pauséieren.”
Wann déi Saachen gekläert sinn, soll ee mat Preparatioun, Spenden an Ausrouen ongeféier eng Stonn arechnen, sou d’Andrée Heinricy.
Bluttspende kann een am Transfusiounzentrum vun der Croix-Rouge um Boulevard Joseph II an der Stad. An zwar méindes, dënschdes a freides vun 8 bis 16 Auer, respektiv mëttwochs an donneschdes vun 8 bis 18 Auer. Oder an der Maison Médical op Esch-Belval, ëmmer vun 8 bis 16 Auer. A fir datt een direkt bäikënnt, kann ee Rendez-vous vum Site dondusang.lu huelen.