D'Uni Lëtzebuerg zielt eng 6.700 Studenten a Studentinnen. Wärend laange Méint konnt de Gros vun hinne wéinst der aktueller Pandemie net méi physesch un de Course participéieren. Zanter dësem Méindeg sinn d'Klassesäll op der Uni um Belval nees gutt gefëllt. Dat war laang ondenkbar. Am meeschte freeë sech d'Studenten an d'Studentinnen iwwer dës nei Situatioun. Déi Zäit doheem eleng virum Ecran war laang an ustrengend. Am Gank, wéi och an de Klassesäll muss een de Mask unhalen. Nëmmen de Proff däerf de Mond- an Nueseschutz wärend dem Cours ofdoen.
Sech ënnerteneen austauschen, Notten huelen oder beim Proff nohaken, wann eppes onkloer ass - dat alles geet am beschten op der Plaz selwer. Och wann ablécklech vereenzelt Studente positiv op de Coronavirus getest ginn, hofft ee weiderhin däerfen op d'Uni ze kommen.

De Christophe Hochard huet sech e Bild op der Plaz gemaach an ass an de Cours vum Romain Sahr luusse gaangen. 40 jonk Leit souzen hei am Sall, déi geschwë selwer Schoul am Fundamental halen.