Abrochserien zu Hollerech a MamerD'Täter goufen erwëscht a festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Onéierlecher waren déi lescht Deeg zu Hollerech a Mamer ënnerwee. Wäit si se no den Abréch allerdéngs net komm. D'Police huet béid Männer gepëtzt.
© RTL

Um fréien Dënschdegmoien hat e Bedreiwer e méiglechen Abroch a säi Lokal zu Hollerech gemellt, nodeems hien eng Alarmmeldung kritt hat an doriwwer eraus vun der direkter Noperschaft informéiert gi war.

Wéi d'Policepatrull op der Plaz ukomm ass, konnt de Verdächtegen ausserhalb vum Gebai gestallt ginn. De Mann war duerch eng Fënster, déi hien opgebrach hat, an d'Lokal geklotert. D'Keess aus dem Geschäft a weider Géigestänn goufe bei him fonnt, dorënner och en Autosschlëssel. Hie gouf festgeholl an hat en Dënschdeg de Mëtte Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Eng Stonn drop gouf der Police e weideren Abroch gemellt, dëst am Kulturzenter an der Rue de l'Abattoir. Hei hat en Abriecher eng Fënster ageschloen, fir an d'Gebai ze kommen. Op der Sich no Wäertsaachen hat den Täter och d'Dier fir an d'Raimlechkeete vun engem Sportveräin opgebrach an do verschidde Géigestänn matgoe gelooss.

Well en Zeien alles ganz genee beobacht hat, gouf séier en Zesummenhang tëscht den 2 Abréch an dem Verdächtegen erkannt.

De Besëtzer vum Autosschlëssel vun engem Nissan ass nach net fonnt ginn. D'Police schléisst net aus, dass dësen op enger anerer Plaz geklaut gouf. De Proprietär ka sech bei der Police Lëtzebuerg um Telefon 244 40 1000 mellen.

Iesswueren, divers Géigestänn an en Auto zu Mamer am Viséier

E Sonndeg den Owend dann hat d'Police no Hiweiser vun Awunner zu Mamer en onéierlech Mann in flagranti erwëscht. Ënner anerem war eng verdächteg Persoun op engem Privatterrain an der Rue op Bierg gesi ginn, déi ronderëm en Haus geschlach ass. An der Rue Golda Meir war et zu engem versichten Abroch an e Méifamilljenhaus komm. Déi viischt Dier war beschiedegt.

Och an der Rue Golda Meir war eng Persoun an d'Gemeinschaftsgarage vun engem Méifamilljenhaus agedrongen, huet fir d'éischt en Autosschlëssel geklaut, ass dunn an de Keller agebrach, fir do Iesswueren a weider Géigestänn matgoen ze loossen an domat deen Auto ze belueden, fir deen hie schonn de Schlëssel agestach hat. Dee Moment gouf hien dunn awer vum Awunner iwwerrascht an huet sech a Richtung Haaptstrooss duerch d'Bascht gemaach.

D'Police, déi direkt informéiert gi war, huet eng Sichaktioun ageleet a konnt déi verdächteg Persoun géint 21.30 an der Géigend vun der Sportshal an der Rue de Bertrange stellen. De geklauten Autosschlëssel a Geschier, fir anzebriechen, goufe séchergestallt. No der Spueresécherung op béide Plaze vun den Doten, konnt ermëttelt ginn, dass et sech ëm dee selwechten Täter gehandelt huet.

De Mann gouf festgeholl an en Dënschdeg de Mëtte virun den Untersuchungsriichter bruecht. Dono koum hien an Untersuchungshaft.

Back to Top
CIM LOGO