CSJ NationalkongressD'Thema Ukrain-Konflikt huet dominéiert

RTL Lëtzebuerg
D'CSJ hat e Samschdeg hiren Nationalkongress zu Fluessweiler an de Krich an der Ukrain stoung do am Mëttelpunkt.

D’Jugendpartei vun der CSV huet kloer Wierder a staark Aktioune géint Russland gefuerdert. Dernieft waren et Fuerderungen an de Beräicher Sanktiounen, Energie-Onofhängegkeet an d’Ophuele vu Flüchtlingen aus der Ukrain.

Soss Sujeten um Kongress waren nach d’Erausfuerderunge fir déi Jonk hei am Land. Do goung et ëm mental Gesondheet, den Entreprenariat a Reesméiglechkeeten an Europa.

Wat d’Walen d’nächst Joer ugeet, do wëll d’CSJ 150 jonk Kandidate stellen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

PDF: Schreiwes vun der CSJ

Back to Top
CIM LOGO