Den Zentrum fir Politesch Bildung an de Kannerbureau Wolz haten an de Forum Geesseknäppchen invitéiert.
Um Samschdeg stoungen de Kanner hir Meenungen an Iddien am Mëttelpunkt. D’Kanner wënsche sech, datt méi op si gelauschtert gëtt, datt si eescht geholl ginn an datt si matbestëmme kënnen.
Op der ChiCo Kannerkonferenz gëtt dëse Wonsch vun deene Jonke ganz seriö geholl. Hei hunn di Erwuesse mol eng kéier de Kanner nogelauschtert. A klenge Gruppen hunn d’Schüler iwwer all méiglech Theme geschwat, déi si den Ament beschäftegen.
Politesch Bildung soll so fréi wéi méiglech ufänken, seet den Direkter vum Zentrum dir politesch Bildung Marc Schoentgen. No 2019 war dëst di zweet Editioun vun der Kannerkonferenz. D’ChiCo soll elo awer en feste Rendezvous am Kalenner kréien an all Joer organiséiert ginn.