Oppassen op eise StroossenDuerch Glëtz/Äisreen war et plazeweis glat

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg den Owend op e Méindeg de Moien huet et uechter d'Land deels gereent, wouduerch et zu glate Stroossen an Trottoire komm ass.

No de Minustemperaturen aus de leschten Deeg ass de Reen, respektiv Äisreen um kale Buedem gefruer.

D’Stroosse ware wuel gréisstendeels gestreet, ma op ville Plaze waren d’Trottoiren net gestreet. Virun allem fir d’Foussgänger war et de Message, virsiichteg ze sinn.

Et goufen natierlech och Stroossen, déi eigentlech net dierfe befuer ginn, wann et glat ass, well hei net gestreet gëtt. Sou z.B. d’Streck tëscht Waarken an Nidderfeelen. Hei waren e Méindeg de Moien dann awer Leit gefuer an hu musse feststellen, dass dat e Feeler war.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?

Back to Top
CIM LOGO