
"Et muss ee sech froen, ob et eng gutt Iddi war, fir Iech de Führerschäin ze ginn. Vläicht sidd Dir net dofir gemaach. Wann ee mengt, et wär een a Gefor, da rifft een d'Police an et mécht ee keng Course-poursuite duerch d'Stad.", esou huet e Riichter de Méindeg de Moien um Stater Geriicht engem Mann vun 21 Joer an d'Gewësse geriet.
Deen hat sech ze veräntweren, well hien am September zejoert mëttes an der Stad ënnert anerem duerch Rout gefuer an net bei engem Zebrasträife stoe bliwwe war. De jonke Mann krut donieft nach virgehäit, en Joint gefëmmt an d'Absicht gehat ze hunn, fir unzegoen.
Woubäi d'Vertriederin vum Parquet et dem Riichter iwwerléisst, ob d'Fuite zréckbehale gëtt oder net. An hiren Aen hätt awer d'Intentioun, fir unzegoen, bestanen. Dofir huet si och um Enn, nieft enger ugemoossener Geldstrof, e Fuerverbuet vun am Ganze 36 Méint gefrot. Géint Ausname fir op d'Schaff war si allerdéngs net.
Um Ufank vun der Sëtzung hat eng Koppel als Zeien ausgesot. D'Fra hat erkläert, hire Frënd wär si siche komm fir heem. An der Uewerstad wäre si op eemol "wéi am Film" riets vum Beschëllegten iwwerholl ginn, dee wär dono zweemol duerch Rout gefuer, woubäi e Jong op engem Zebrasträife glécklecherweis stoe bliwwe wär. Op der nächster Kräizung wär den Ugekloten dunn hannerzeg gefuer an hinnen an den Auto gerannt. Hirem Frënd no war doduerch e Schued vu 4.000 Euro entstanen. Aarbechter op der Plaz hätten dem Mann de Wee ofgespaart, sot d'Fra nach, fir déi de Beschëllegten hätt wëllen ugoen, mam Gefier oder zu Fouss, fir hire Frënd war déi ganz Aktioun "net normal".
Den Ugekloten huet d'Faiten am Ufank net kontestéiert, fir dunn awer eng aner Versioun wéi d'Zeien zum Beschten ze ginn. Deen anere Mann wär nämlech op seng Héicht gefuer an hätt wëllen aus dem Won klammen, wouropshin hien duerch Rout gefuer wär. Dono hätt hie geduecht, den Zeie géif eppes a säin Auto siche goen, dofir wär hien hannerzeg gefuer. An et wär och keen um Zebrasträife gewiescht.
De Me Filipe Valente, Affekot vum Beschëllegten, huet gemengt, de Cannabis-Konsum, manner wéi eng Stonn virdrun, kéint d'Behuele vu sengem Client erklären an et sollt net zréckbehale ginn, dass de Mandant hätt wëllen ugoen. Den Affekot huet och ëm Gnod gebieden, spréch e Fuerverbuet mat Sursis.
D'Urteel gëtt de 15. Januar gesprach.