160 Plaze stinn zu Lëtzebuerg um SpillDuPont Teijin Films mécht zwou Produktiounslinnen zou

RTL Lëtzebuerg
Déi zwou concernéiert DTF-Linnen zu Konter wieren net méi rentabel. Dat virun allem wéinst Problemer mat der wichtegster Matière Première.
© Archiv

DuPont Teijin Films mécht zwou Produktiounslinnen um Standuert Lëtzebuerg definitiv zou.

An engem Communiqué vum Produzent vu Polyester-Filmer geet Rieds vun enger schwéierer Decisioun. Ma déi zwou concernéiert DTF-Linnen zu Konter wieren net méi rentabel. De Problem wier, datt den Haaptfournisseur vun der wichtegster Matière Première ewech gefall wier an datt keng alternativ Léisung fonnt gi wier.

160 vun den 270 Aarbechtsplazen am Lëtzebuerger Wierk si concernéiert.

Et wier een sech de Konsequenze vun dëser Decisioun bewosst an zesumme mat der Personaldelegatioun an de Gewerkschafte géing no der beschtméiglecher Léisung gesicht ginn.

OGBL an LCGB soen sech no der Annonce entsat a verlaangen e Plan de maintien dans l’emploi. Och misst d’Fro gekläert ginn, firwat d’Fabrick, déi Dupont de Nemours gehéiert huet, 2021 un Celanese verkaaft gouf. D’Syndikater verlaangen an dësem Dossier d’urgence eng Reunioun mam LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel.

Back to Top
CIM LOGO