Barometer vun der HandelskummerD’Vertrauen ass ënner Drock a Reforme loossen op sech waarden

François Aulner
Serge Pauly
621 Betriber goufen nom Ufank vum Krich am Iran befrot. Och wann 58% nach zouversiichtlech wieren, wat d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Ekonomie ugeet, esou war dee Score nach ni zanter der éischter Ëmfro Ufank 2019 esou niddreg.
Barometer vun der Handelskummer
D’Vertrauen ass ënner Drock a Reforme loossen op sech waarden

D’Resultater variéiere jee no Sekteur, mee och bannent engem Sekteur. De Finanzsekteur wier mat 75 Prozent nach deen optimisteschsten. Am Horeca wiere just nach 33 Prozent vun de Betriber zouversiichtlech. An der Industrie, dem Commerce an dem Bau wier et knapp d’Hallschent.

Fir den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen wier et wéinst dem Konflikt am Mëttleren Osten keng Iwwerraschung. A sengen Ae géingen d’Resultater awer och confirméieren, datt strukturell Reformen nach ëmmer néideg wieren.

D’administrativ Vereinfachung an de Logement

De Resultater vun der Ëmfro no géingen d’Betriber effektiv nach ëmmer op d’administrativ Vereinfachung waarden. Positiv wier, datt den Zougank zu Kredit nees besser gi wier. E grousse Problem wier weiderhin, Leit ze fannen an ze halen. Am Schwieregste wier, déi adequat Profiller ze fannen, dacks géinge Kandidaten ze vill Flexibilitéit fir sech verlaangen an dann hätt een Drëttel vun de Betriber d’Konkurrenz vum ëffentleche Secteur als Ursaach uginn.

Den deiere Logement wier de gréissten Obstakel fir nei Leit, besonnesch manner héich qualifizéierter an d’Land ze kréien. Aus der Ëmfro geet dann ervir, datt 70 Prozent vun de Betriber d’steierlech Mesuren net kennen, déi et gëtt, fir Leit unzezéien an ze fideliséieren.

Back to Top
CIM LOGO