RentréeD'Virbereedung op dat neit Schouljoer ass mat Käschte verbonnen

RTL Lëtzebuerg
Ob Schoulbicher, Hefter oder Classeuren, all Joers muss nees neit Schoulmaterial kaaft ginn an dat schléit op d'Suen. Ma wéi vill kascht sou eng Rentrée?
© AFP

Wat kascht d’Rentrée? / Reportage Chris Meisch

A knapp 4 Wochen ass et nees esou wäit: D’Summervakanz ass eriwwer an d’Schoul fänkt nees un. Virdru mussen nach vill Kommissioune gemaach ginn, fir dass d’Schüler och uerdentlech preparéiert sinn. D’Rechnunge kéinten hei awer gutt a gär méi héich ginn ewéi zejoert, vu d’Inflatioun an déi allgemeng méi deier Präisser. Fir vill Leit eng gutt Geleeënheet, déi al Schoul-Artikelen ze recycléieren, fir esou e puer Frang ze spueren.

Mir waren mam RTL-Mikro an der Stad ënnerwee, wou mer dës Aussoen agefaangen hunn:

“Also ech weess, dass ech d’lescht Joer, fir déi zwee, fir 400 Euro hat.”

“Ech géif elo soen, op de Kapp wäerten dat 30-40 Euro ginn fir all Kand, wou ech d’Elteren duerno froen, fir d’Suen zréck ze kréien.”“Ech probéieren ganz sécher ze recycléieren oder vu Kolleegen, vu Famill Saachen ze kréien, wa se dat net méi brauchen.”

“Mir kucken a verschidde Butteker, fir ze kucken, dass mer dat bëllegste fannen.”

No der Schoul ass virun der Schoul, fir verschidde Leit lafen ewell schonn am Juli déi éischt Preparatiounen, wann d‘Summervakanz am Fong eréischt ufänkt.

“Et ass eben ëmmer sou bëssen de Stress, fanne mer elo alles beieneen oder musse ma puer mol goen.”“Wann d’Schoul fäerdeg ass, kucke mer am Fong schonn, wat nach gutt ass, wat mer nach kënne gebrauchen.”

“Ah ech maachen dat ëmmer direkt am Juli, do sinn am mannste Leit. Mir hunn de Gros vun de Bicher, ausser eent villäicht.“

An de Butteker, wou ee Schoulmaterial a Schoulbicher kafe kann, géing ee virun allem am Ufank a Schluss vun der Summervakanz ee groussen Undrang spieren. Och wann hei an do mol ee Schoulbuch am Stock feelt, versicht, ee sou gutt ewéi méiglech op d’Schoulrentrée preparéiert ze sinn.

“Maintenant, nous ce qu’on fait, tous les articles qui sont sur les listes scolaires, que les parents nous ramènent, pratiquement les articles les plus demandés sont chaque semaine en promotion.”

“Nous on commence effectivement mois de juin. Fin juin déjà on avait des journals parascolaires, on a eu le Vakanzenheft, on avait déjà le matériel scolaire, parce que effectivement il faut qu’on soit prêts. L’école n’était pas terminée quand on était déjà prêts.”

Vill Leit sinn natierlech frou, fir sech kënnen d’Käschte vun de Schoulbicher ze spueren, vu dass se vum Staat bezuelt ginn. Et huet een och d’Impressioun, dass wat een an eng méi héich Schoulklass kënnt, d’Käschte vum Schoulmaterial manner ginn. Virun allem wann een op d’Uni geet, wier d’Rechnung méi bëlleg wéi an enger Primärschoul. Vill Eltere begréissen och d’Initiative vu verschiddene Schoulen, dass se Schoulmaterial en Gros fir déi ganz Klass kafe ginn an herno d’Sue vun den Elteren zeréckfroen.

Back to Top
CIM LOGO