VëlossportRemco Evenepoel fir déi 4. Kéier Weltmeeschter am Zäitfueren, Arthur Kluckers 30.

Jeff Birsens
De Remco Evenepoel huet mat enger Muechtdemonstratioun säi véierte WM-Titel am Zäitfuere gewonnen an domat e Rekord agestallt.
Belgium's Remco Evenepoel after winning the 2026 Union Cycliste Internationale (UCI) Road World Championships in Montreal, Quebec, on September 20, 2026. (Photo by Andrej Ivanov / AFP)
De Remco Evenepoel war mat engem Chrono vu 44:53 Minutten no 39.2 Kilometer net ze schloen.
© AFP

De Remco Evenepoel ass fir déi véierte Kéier Weltmeeschter am Zäitfueren an huet domat de Rekord vum Tony Martin agestallt. De Belsch huet sech e Sonndeg am kanadesche Montreal mat engem grousse Virsprong vu 57 Sekonne Gold virum Italieener Filippo Ganna geholl. Bronze ass un de Fransous Paul Seixas mat engem Ecart vun 1:13 Minutt op den Evenepoel gaangen.

Mam Arthur Kluckers war och ee Lëtzebuerger Coureur um Depart, fir deen um Enn mat engem Ecart vun 3:11 Minutten déi 30. Plaz erausgesprongen ass.

Back to Top
CIM LOGO