
Esou beschreift et d'Statistikamt a sengem Rapport, dee wärend der Kris geschriwwe gouf. An deem Sënn géif een dat geplangte Schaffe vun engem "Observatoire de la Santé" begréissen.
Wärend der Kris wier et immens wichteg gewiescht, weider kënnen Daten z'erhiewen an ze verschaffen, wat och gelonge wier. Ma et hätt och gewisen, datt een Donnéeën "en temps réel" bräicht, esou de Statec-Direkter Serge Allegrezza a sengem Virwuert, dofir missten an Zukunft verstäerkt "Big data" verschafft ginn, déi duerch den Internet, déi sozial Netzwierker an d'mobil Telephon-Kommunikatioun géifen accessibel ginn.
A sengem Joresrapport mécht de Statec de Resumé vun den Erkenntnisser a Projektiounen notamment am Zesummenhang mat der sanitärer Kris an ënnerhält sech mat der Gesondheetsministesch, dem Wirtschaftsminister, dem Aarbechtsminister an dem Sozialminister iwwert d'Wichtegkeet vu konkreten Donnéeën a Krisenzäiten.
