
An der Chamber war nees eng Kéier vun der Pandemie Rieds. Dat X-ten ofgeännert Covid-Gesetz gouf eestëmmeg ugeholl. Eng vun den Haaptännerungen ass, dass d’Wuert Pandemie awer elo aus dem Text gestrach gouf. Dëst well et sech bei Covid elo offiziell ëm eng Krankheet handelt. Bestëmmten Dispositioune goufen am Gesetz awer bäibehalen, wéi dass op Plazen, wou vulnerabel Persoune sinn, och weiderhin de Mask ka gedroe ginn. Hie géing do besonnesch u Spideeler oder Altersheemer denken, sot de Rapporter vum Projet de loi, de Mars Di Bartolomeo (LSAP). Et wier méiglech, dass an esou Gebaier am Hierscht oder Wanter zäitweis misst eng Maskeflicht agefouert gi wéinst Infektiounskrankheeten.
Weiderhi wäert och bäibehale ginn, dass ee sech an Apdikte ka géint de Covid impfe loossen. Hei huet de Claude Wiseler (CSV) ugemierkt, dass ee sech generell kéint d’Fro stellen, wéi een d’Apdikter besser kéint an d’Gesondheetspolitik abannen.
Dat europäescht Reglement betreffend Covid-Zertifikater ass dann Enn d’lescht Joer ausgelaf a gouf net verlängert. Dofir ginn am Covid-Gesetz d’Referenzen op dës gestrach. Weiderhi wäerten awer nach kënnen Impfzertifikater ausgestallt ginn. An och Testzertifikater kënne bei Bedarf a Laboen erstallt ginn.
Hie wéisst, dass hie sech géing widderhuelen, sot de Claude Wiseler, mee no der Pandemie misst elo eng detailléiert Evaluatioun gemaach ginn. Ënner anerem iwwer déi divers Moossnamen, déi agefouert goufen. Doriwwer eraus wier een der Meenung, dass scho laang hätt missen e Pandemie-Gesetz gemaach ginn. Eng Fuerderung, déi och de Jeff Engelen vun der ADR deelt.
D’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet drop higewisen, dass een ënnert den éischte Länner gewiescht wier, déi eng Evaluatioun vun der OECD gefrot hätten. Doriwwer eraus géing ee sech och vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) evaluéiere loossen. Si huet drop higewisen, dass d’Pandemie d’ganz Welt concernéiert huet, dofir misst een iwwert de Bord vum Teller eraus kucken.