Schonn an enger Partie Schoulen am Ausland huet d'Margret Rasfeld zu engem komplett neie Schoulkonzept inspiréiert. Um Campus Geesseknäppchen huet si um Mëttwoch zesumme mam Mouvement écologique a ronn 130 Schüler an Enseignanten doriwwer diskutéiert, wéi een de Schoulsystem méi un déi haiteg Zäit upasse kéint.
Den aktuelle Schoulsystem géif d'Schüler nëmmen "ofriichten". Dat wier am 20. Joerhonnert nëtzlech gewiescht. Haut misst een awer méi Kreativitéit a Solidaritéit fërderen. Sou proposéiert d'Responsabel vu "Schule im Aufbruch" zum Beispill e "Frei Day" - E festen Dag wärend der Schoulzäit, wou d'Schüler zukunftsorientéierte Projeten nogoe kënnen an dës an hire Gemengen ëmsetze sollen.
Donieft misst een de ganze Punktesystem iwwerdenken. Punkten a Notte géifen zu Vergläicher tëscht de Schüler féieren. Dat bedeit immense Leeschtungsdrock a mécht d'Kanner ëmmer méi krank. Et wier besser de Schoulsystem ze iwwerschaffen, wéi dofir ze suergen, dass genuch Kannerpsychologen do sinn, sou d'Margret Steinfeld.
Fir d'Schüler war et um Mëttwoch besonnesch wichteg gelauschtert ze ginn. Méi Vakanz oder manner Prüfunge gi net gefuerdert. Nee, et wéilt ee méi aktuell Sujeten an der Schoul traitéieren an zesumme géint d'Klimakris virgoen. Och d'Konzept vum "Frei Day" ass bei hinne gutt ukomm.
Besonnesch an Däitschland hu schonn eng Partie Schoulen hiert Konzept iwwerschafft. Wéi dat elo zu Lëtzebuerg ëmgesat gëtt, bléift ofzewaarden.