
Een dovunner gouf de Beamten tëscht Béiwen an Harel gemellt, well dëse schonn um 17.35 Auer wéinst senger Fuerweis opgefall war. Kuerz drop konnt de Chauffer vun der Police ugetraff ginn. Obwuel et däitlech Indicë gouf, datt de Mann däitlech ze vill gedronk hat, huet dëse sech geweigert, en Alkoholtest ze maachen. Hie krut awer de Permis provisoresch ofgeholl a gouf protokolléiert.
Kuerz viru 7 Auer um Méindeg du gouf et an Accident an der Escher Strooss zu Hollerech, wéi en Auto an e Potto gerannt war. Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, ware souwuel de Chauffer wéi och déi aner Leit, déi am Auto souzen, nach op der Plaz. Well den Alkoholtest positiv war, gouf de Permis provisoresch agezunn. D’Police preziséiert an hirem Bulletin, datt et beim Accident beim Materialschued bliwwen ass.