An der Nuecht op en DënschdegE Chauffeur huet wuel um Gaalgebierg zu Bieles eng gedämpt

RTL Lëtzebuerg
Um kuerz virun 1 Auer en Dënschdeg de Moien ass der Police e verdächtegen Auto um Gaalgebierg opgefall.

Wéi de Chauffeur d’Beamten erbléckst huet, huet hien dunn de Parking vum Gaalgebierg verlooss. Bei der Kontroll hunn d’Beamten dunn direkt de Geroch vu Cannabis festgestallt. Den Automobilist huet och direkt zouginn, Cannabis consomméiert ze hunn. Bei der Bäifuererin hunn d’Beamten eng kleng Quantitéit u Cannabis séchergestallt.

An der selwechter Nuecht, dat moies um 3 Auer, ass d’Police op der A13 a Richtung Péiteng op en Auto opmierksam ginn, déi ze schnell ënnerwee war an och nach Schlaangelinne gefuer ass. De Chauffeur konnt kuerz Zäit drop mat sengem Auto säitens der Police ugehale ginn. Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffeur alkoholiséiert hannert d’Steier geklommen ass. De Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO