
D’Direktioun vum Dikrecher Lycée ass Enn leschter Woch op e Fall vun "Harcèlement moral" vu Säite vun engem Enseignant opmierksam gemaach ginn, seet den Educatiounsministère op Nofro hin.
Déi betraffe Persoun hätt e "repetitiven" Kontakt mat Schülerinnen opgeholl, déi dëst "Mal à l’aise" gesat hunn. Riets geet vun "Harcèlement moral".
D’Schülerinnen hätten hire Malaise op enger Social-Media-Plattform thematiséiert an d'Schoul huet direkt reagéiert. Den Enseignant krut de leschten Freiden eng Dispense de service, dat heescht hien ass aktuell net méi an der Schoul.
D’Direktioun huet de Fall och beim Ministère gemellt, deen e Méindeg de Commissaire de gouvernement aux affaires disciplinaires saiséiert huet. De Kommissär mécht eng Instruktioun a wäert dann iwwer d’Suitten decidéieren.