MënscherechtskommissiounE gesetzleche Kader fir kënschtlech Befruchtung gëtt begréisst

Diana Hoffmann
D’Rechter vum Kand mussen iwwert allem stoen an et dierf net zu Diskriminéierunge kommen opgrond vun der Aart a Weis, wéi d'Kand gezeugt gouf.

Zu deem Schluss kënnt déi consultativ Mënscherechtskommissioun an hirem zweeten Avis iwwert de Gesetzprojet 6568A, mat deem d’Ofstamung gereegelt gëtt. Wann e Kand op d’Welt kënnt, huet et nach keng Virstellung vun engem Familljebild, seet de Gilbert Pregno, President vun der Commission consultative des Droits de l’Homme (CCDH). Ob et sech elo ëm eng hetero- oder homosexuell Koppel handelt oder ëm eng elengstoend Persoun. Wichteg wier eng fest Bezéiung mat enger begrenzten Zuel vu Persounen.

De Max Mousel, Jurist bei der CCDH, begréisst am Numm vun dëser kloer, datt e legale Kader fir kënstlech Befruchtung geschaaft gëtt, an och, datt et hei keng Diskriminéierung gëtt. Sou kënne souwuel elengstoend Persounen, wéi och gläichgeschlechtlech Koppelen dovu profitéieren. Dat géing momentan zwar och esou gehandhaabt ginn, mee elo géing et Rechtssécherheet bei deem Thema ginn. Virdrun hu Leit, déi wollte vun dengem Tiers Donneur e Kand kréien, virun e Riichter oder Notaire goen, sou de Max Mousel.

Wichteg fënnt d’CCDH awer och, dat de Projet de Loi virgesäit, datt Leit an enger Convention medicale festleeë sollen, war mat hiren Embryoen, Eezellen oder Spermien geschitt, déi net direkt bei der kënschtlecher Befruchtung genotzt ginn, mee agefruer fir eng spéider Notzung. Hei misst nach gekläert ginn, wat passéiert, wann eng Koppel sech trennt oder nom Doud vum Donneur.

Eng weider Fro ass, no wéi enge Krittäre sollen d’Embryoen oder Gamet ausgewielt ginn. „No der Erfollegschance, oder anere Krittäre“, freet de Max Mousel. Prinzipiell wier et jo verbueden, d’Geschlecht auszewielen. Mee wéi wier et, wann et dorëms geet, schwéier Krankheeten, déi verierflech an un d’Geschlecht gebonnen sinn, ze evitéieren?

Beim Sujet Leihmutterschaft gëtt d’CCDH kee kloren Avis of. Hei wieren nach weider Diskussioune mat Spezialisten aus verschiddene Beräicher néideg. Bis ob weideres bleift Leihmutterschaft zu Lëtzebuerg verbueden. Fir Fraen, déi e Kand fir en aneren ausdroen oder fir deen, deen esou eppes an Optrag gëtt, ginn et strofrechtlech Sanktiounen. E rengt Verbuet géing de Problem awer net léisen, befënnt de CCDH.

Back to Top
CIM LOGO