
Dernieft lancéiere si och eng Petitioun. D’Associatiounen um Terrain hätten den Impakt dovun direkt gemierkt - eng 30 jonk Männer hätte sech an den Deeg no der Annonce bei hinne gemellt, fir en Hebergement an Hëllef ze sichen. Dat schreiwe Passerell, Amnesty International, Doktere vun der Welt a Ryse an engem gemeinsame Communiqué.
Déi 4 Organisatioune kontestéieren d’Decisioun a fuerderen, datt se annuléiert gëtt. An engems lancéiere se eng Petitioun, fir Drock op d’Autoritéiten ze maachen, fir mat dëser “onmënschlecher an illegaler Praktik” opzehalen.
Dem Jean Asselborn no wier d‘Zuel vun de Flüchtlingen, déi aus Italien op Lëtzebuerg komm sinn, erofgaangen, zanter dass hei net méi all Asyldemandeur eng Schlofplaz garantéiert kritt. Dat huet hie bei der Passation des pouvoirs erkläert. An engem emotionale Statement huet hien erkläert, hien hätt an där Saach kee Choix gehat.