Am Interview goung ënnert anerem iwwert déi chineesesch Friddensinitiativ Rieds an do ass de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie däitlech. China hätt kee Friddensplang op den Dësch geluecht, mä eng eege Positioun. Eng Positioun, an där dem Jean Asselborn essentiel Elementer feelen.
“Et gëtt net gesot, datt Russland seng Truppe misst zeréckzéien. Et gëtt och gemaach, wéi wann et e Konflikt géif vun zwee Länner, déi op der selwechter Héicht wieren. Dat ass falsch! Hei ass ee Land, dat aggresséiert ginn ass, dat ass d’Ukrain an et ass ee Land, dat ugegraff huet an dat ass Russland. Dofir kann een net soen, datt déi zwou Parteien op engem Niveau ze traitéiere sinn.”
Déi chineesesch Initiativ gëtt an den Ae vum Jean Asselborn zu Recht kritiséiert, mä et géifen och positiv Elementer. Zum Beispill, datt Peking sech géint Atomwaffen ausschwätzt.
Et goung am Interview mam Ausseminister och ëm d’Waffeliwwerungen vun der EU. Fir de Jean Asselborn gëtt et do keng Alternativ, well wann d’Ukrain net déi selwecht militäresch Moyenen hätt wéi Russland, géif se vun der Kaart verschwannen.
“Mir gi jo keng Waffen un d’Ukrain, fir Russland z’attackéieren. Mir gi Waffen, ob et Panzere sinn, ob et Munitioun ass, fir an der Ukrain ze hëllefen, datt d’Land sech ka verdeedegen. Dat ass e wesentlechen Ënnerscheed, deen natierlech och net vun der chineesescher Säit ugeschwat gëtt.”
Fir de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie ass kloer, datt eenzeg an eleng de russesche President de Krich ka stoppen, duerno kéint een och direkt mat Friddensverhandlungen ufänken. Hie weist allerdéngs drop hin, datt de Wladimir Putin den diplomatesche Wee a senger Ried zur Lag vun der Natioun dës Woch net ernimmt huet. D’Europäesch Unioun hätt par conter bis virun engem Joer alles gemaach, fir de Krich ze verhënneren a géif och elo alles maachen fir en “zu Enn ze bréngen”.
“Allerdéngs dierfe mer net naiv sinn a mengen et kéint een den Telefon huelen, an zum Putin soen, déi aner Woch wëlle mer mat Iech verhandelen. Esou geet et net. Et geet nëmmen esou, datt de Putin muss agesinn, datt en dee Krich net ka gewannen a sech dann un de Verhandlungsdësch sëtzt.”
Géif een ophalen der Ukrain Waffen ze liwweren, géif dat bedeiten, datt de Putin fräi Bunn hätt, fir mat der Walz driwwer ze fueren an duerno wiere vill aner Länner och a Gefor, virop Moldawien a Georgien.
Natierlech ass dat hei e Krich géint d’Ukrain, esou de Lëtzebuerger Ausseminister, deen awer drun erënnert, datt et anengems e Krich ass géint d’Demokratie a géint déi international Reegelen.
De Jean Asselborn huet um Freideg Owend och preziséiert, datt et zu Bréissel informell en Accord gëtt fir en 10. Sanktiounspak géint Russland.