Gréng Luucht fir de Nutri-Score?E Liewensmëttel-Label mat Punktesystem

RTL Lëtzebuerg
Wéi stinn d’Lëtzebuerger Liewensmëttel-Produzenten dozou? Mir huelen de Label ënnert d’Lupp.
E Liewensmëttel-Label mat Punktesystem
Wéi stinn d’Lëtzebuerger Liewensmëttel-Produzenten dozou? Mir huelen de Label ënnert d’Lupp.

Wie sech bewosst a gesond ernäre wëll, huet et net ëmmer einfach. Virun allem bei industriell verschaffte Produite muss een dacks zwee Mol kucken, fir erauszefannen, wat alles dran ass. A genee do soll de Nutri-Score hëllefen. De Faarwe-Buschtawe-System weist, ob e Liewensmëttel gesond oder ongesond ass. Verschidde grouss Marke benotzen awer hir eege Kennzeechnungen déi op den éischte Bléck täusche kéinten. Mä wat mécht de Nutri-Score besser? A wéi stinn d’Lëtzebuerger Liewensmëttel-Produzenten dozou? Mir huelen de Label ënnert d’Lupp.

Den Nutri-Score ass eng vereinfacht Duerstellung vun der Närwäert-Zesummestellung – also alles dat, wat souwisou schonn hannen op der Verpackung gekennzeechent ass. De Label baséiert op engem Punktesystem. Positiv bewäert ginn Ingrediente wéi Uebst, Geméis a Nëss, Ballaststoffer a Proteinnen. Op der anerer Säit suergen Energie, gesiedegt Fettsaieren an Zocker a Salz fir eng schlecht Bewäertung. Een Algorithmus verrechent d’Punkte mateneen, déi dann a Form vum Nutri-Score ausgedréckt ginn.

Esou kann ee virun allem Liewensmëttel vun enger nämmlechter Kategorie matenee vergläichen an dee beschte Choix treffen. D’Haaptzil ass et dem westleche Problem vun der Fettleiwegkeet entgéingt ze wierken. Et wéilt ee mat enger einfacher Interpretatioun vill Leit erreechen, esou d’Verbraucherschutz-Ministesch Paulette Lenert.

Frankräich – wou ronn 85 Marke matmaachen – huet de Nutri-Score als éischt ageféiert, Däitschland wëll d’nächst Joer nozéien. Zu Lëtzebuerg steet eng Decisioun nach aus. D’Diskussioune mat de verschiddenen Acteure lafen nach. Vu dass Lëtzebuerg ee klenge Marché hätt a Villes importéiert gëtt, géinge mer hei egal wéi mam Nutri-Score konfrontéiert ginn. Dofir wier et wichteg doriwwer z’informéieren, erkläert d’Paulette Lenert.

Betraff wieren awer net nëmmen d’Konsumenten, mä och d’Produzenten. Ronn 120 Entreprisë sinn zu Lëtzebuerg an der Liewensmëttel-Industrie aktiv. Eng dovunner ass d’Cobolux, déi Fleeschproduiten hierstellt. Wéi steet een hei zum Thema Nutri-Score?

“Mir fäerten dass herno mam Nutri-Score de Konsument ze vill generaliséiert a seet ‘dat do ass ee gudde Produit’ oder ‘et ass ee schlechte Produit’. Quitt dass et am Fong kee schlechte Produit ass vu dass e mat ganz héichwäertege Matières premières hiergestallt ass, an deen een net besser kann hierstellen. Mee vum Nutri-Score kënnt awer op ee Produit Charcuterie keen A drop.”

Iwwert de Närwäert vun de Produiten hätt ee sech scho virun zwee Joer Gedanke gemaach, seet de Paul Faltz. D’Rezepter wiere verbessert ginn andeems zum Beispill Chimie a Salz staark reduzéiert gi sinn, mam Zil d’Produite sou gesond wéi méiglech ze maachen. Animalesch Fetter, déi am Nutri-Score negativ bewäert ginn, wieren an enger Wurscht awer nu mol dran. Eng eventuell Aféierung vum fakultativen Nutri-Score misst ee mat de Clienten ofschwätzen – spréch mat de Supermarchéen déi Cobolux Produiten am Rayon leien hunn.

Eriwwer op Käerjeng wou am Joer 1,15 Millioune Liter Mëllech verschafft ginn, ënnert anerem zu Joghurt oder Glacen. De Volker Manz vun der BIOG Molkerei fënnt dass de Nutri-Score eng gutt Saach ass, virun allem fir Leit, déi sech vill vu Fäerdegprodukter ernären, eng Orientéierung ze ginn. Mee de System hätt och seng Schwaachstellen. E géing de Bio-Produiten net gerecht ginn, well an deem Beräich Saache gebraucht ginn déi net berécksiichtegt ginn an der Nutri-Score Bewäertung, esou de Volker Manz.

Ee schlechten Nutri-Score géing een awer net fäerten, vu dass ee souwisou op gesondheetlech Aspekter géing Wäert leeën.

Béid Produzenten, d’Schluechthaus wéi och d’Molkerei, hoffen op alle Fall op eng fair Diskussioun, wou souwuel d’Virdeeler vum Nutri-Score wéi och d’Argumenter déi dogéint schwätzen op den Dësch kommen. Mee wat seet een am Verbraucherschutzministère zu der Kritik?

“D’Kritikpunkten si pertinent well de Nutri-Score ass e vereinfachte System, dat ass Sënn an Zweck dovunner. Et ass sécher keng Ausso iwwer d’Qualitéit vun engem Produit, et ass och keng Ausso iwwer Zousätz – dat ass eppes wat de Leit hautdesdaags och ganz wichteg ass. Wéi ass de Produit verschafft? De Grad u Verfaren déi e Produit duerchleeft ass fir vill Leit och wichteg. Dat sinn alles Aussoen déi de Nutri-Score natierlech net mécht. Dofir ass et ganz wichteg dass ee versteet wat et ass a virun allem wat et net ass.”

Wéi een Impakt d’Aféierung vum Nutri-Score kann hunn, gesäit ee gutt um Beispill vun der belscher Supermarchés-Ketten Delhaize. Zanter August 2018 fënnt een op Liewensmëttel vun der Eegemark de Nutri-Score. An zanterhier ass d’Vente vu Produite mat engem A oder B ëm 35% geklommen. Aktuell hunn 2.240 Artikelen een Nutri-Score, bis Enn 2020 wëll een op all de Produite vun der Eegemark eng Kennzeechnung hunn – a bis dohi wäert d’Zesummesetzung vu verschiddene Produite reformuléiert a verbessert ginn.

An och d'Luxlait huet sech mëttlerweil zum Thema Nutri-Score geäussert. Kritiséiert gëtt, dass de Nutri-Score just de, nutritionnellen Aspekt erëmspigelt – de Konsument vun haut géing awer méi Informatioune verlaangen, zum Beispill iwwer Zousazstoffer, Pestiziden oder d'Origine. Fir den Ament wéilt een also keen Nutri-Score op d'Verpackungen drécken. De System géing nämlech riskéieren nach z'evoluéieren, esou Luxlait am Communiqué. Virun allem wier et fir ee Betrib, dee seng Wuer exportéiert, wichteg, dass d'Verpackung net un all Land ugepasst muss ginn, an deem de Produit verkaf gëtt. Deemno wier et wichteg, ee gemeinsame System ofzewaarden, deen an allen EU-Länner applizéiert gëtt.

Eise Fazit ass: Wien op den éischte Bléck wëll gesinn ob ee Produit éischter déck mécht oder net, ass mam Nutri-Score gutt opgehuewen. Wie méi genee wëll wësse wat dran ass a vu wou et kënnt, muss wuel weiderhin hannen op der Etikett liese goen. Well de Nutri-Score bezitt sech just op déi Angaben déi an der Närwäerttabell stinn. Ingrediente wéi Zousazstoffer zum Beispill spille keng Roll.

A fir de Recht gëllt: ofwiesslungsräich an a Moossen iessen, da kann ee bal näischt falsch maachen.

PDF: Communiqué vu Luxlait (27.11.19)

Back to Top
CIM LOGO