Vu CPL-Mataarbechter entdecktE Méindeg gouf e Prisonéier zu Schraasseg dout opfonnt

RTL Lëtzebuerg
Dat mellt d'Prisongsverwaltung en Dënschdeg de Mëtteg. D'Autoritéite goufen, kuerz nodeems d'Läich entdeckt gouf, informéiert, eng Autopsie gouf ugefrot.
© RTL Archiv

De Prisonéier, sou de Communiqué, wier dout a senger Zell fonnt ginn. D’Membere vun der Famill oder Kontaktpersoune vun der verstuerwener Persoun, géifen informéiert ginn.
Op der Plaz waren den Ombudsmann, den Direkter vun der Prisongsverwaltung, d’Direktioun vum CPL, de CGDIS an d’Police.

Back to Top
CIM LOGO