
D'Associatioun, déi selwer palliativ Soinen, awer och Formatiounen ubitt, sëtzt sech zanter 30 Joer dofir an, dass all Mënsch säi Recht op palliativ Fleeg garantéiert ass.
Iwwer 3.600 Clienten, direkt oder indirekt vun der Stierfbegleedung betraff, hunn d'lescht Joer vu Consultatioune Gebrauch gemaach. Den neie Site soll hëllefen, d'Servicer weider auszebauen.