
Am Classique, am Général an am Preparatoire hunn zu Diddeleng eng 300 Jonker op zwee Sitten ugefaangen. Nach net a Kraaft, mee ugeduecht, ass vum Educatiounsministère jo e komplett Handyverbuet op de Klasse vu 7e bis 5e. Dat als Reaktioun op déi rezente PISA-Resultater.
D'Handynotzung limitéieren, dat ass e Sujet, deen et um Mëttwoch och an d'Ried vum Direkter Yves Schmartz gepackt huet. Wat déi konkret Ëmsetzung ugeet, misst een nach kucken, wéi e méi restriktiivt Handyverbuet kéint ëmsetzen. Dass een d’Notzung vum Smartphone misst an de Grëff kréien, dat léich awer op der Hand, esou nach den Direkter vum LNB.
Fir déi nei Lycéesschüler wier et kee Problem, wa si de Smartphone och an de Pausen net dierfte benotzen, soen eng Rei Jonker an den RTL-Mikro. An der Grondschoul hätte si den Handy souwisou och net benotzt, dofir wier dat fir si normal a keng grouss Ëmstellung.
Un de Gewunnechten aus der Grondschoul kéint een also ganz einfach uknäppen. D'7e bedeit fir déi Jonk awer och vill Verännerungen. An dat huet een och als Proff am Hannerkapp, esou d’Cynthia Wolter, Regente op enger Septième. Villes ass nei, dat dierft een net vergiessen.
Fir d'Schüler hir ganz Lycéeszäit bis op Première gutt kënnen z'encadréieren, géing ee versichen, d'Eltere mat an d'Boot ze huelen. Dofir goufe si no der Rentrée vun hire Kanner vum Elterecomité empfaangen. Et hätte sech dëst Joer méi Eltere renseignéiert, wat gutt ass, seet d’Carla Koser, President sortant vum Elterecomité.
Och d'Septièmes-Schüler hu sech ganz motivéiert an interesséiert gewisen. Géint d'Opreegung hëlleft et, dass d'Kolleegen och all an där nämmlechter, neier Situatioun sinn.