“Grad wéi et net déi eng Mesure gëtt, gëtt et och net deen ee Schëllegen”, sot d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann e Méinden de Moie bei der Presentatioun vun de Proposë vun hirer Partei fir de Logement. Déi ëffentlech Hand, de Staat, d’Gemengen an déi Privat hätten all eng Responsabilitéit. De Parteipresident Lex Delles huet et e “Mosaik vu lauter Mesuren, déi mussen anenee gräifen” genannt.
Fir d’Prozeduren am Logement ze vereinfachen, wier et néideg, dass d’Kompetenzen op enger Plaz zesummegefaasst ginn, sot de Premier Xavier Bettel. Den Ament wier de Logementsministère zwar zoustänneg fir de Bau, mä vill Prozedure missten am Innen- oder dem Ëmweltministère duerchlaf ginn. Dës Kompetenze sollen an Zukunft dofir entweder all am Logementsministère leien oder wann dat net méiglech wier, bei engem Superministère. E weideren Usaz, wéi de Bau soll gefuerdert ginn, ass d’Schafung vun engem Biergerfong mam Staat als Garant, soudass déi finanziell Enveloppe fir de Logement kéint vergréissert ginn.
Fir eng liberal Partei wier et da villäicht net gewinnt, mä et wier een an enger exzeptioneller Situatioun an dofir huet de Premier dofir plädéiert, Taxen op net bebauten Terrainen an op Wunnengen, déi eidel stinn, anzeféieren. De Xavier Bettel huet awer präziséiert, dass et sech net ëm Terrainen handelt, déi fir d’Kanner gehale ginn oder ëm Wunnengen, déi kuerzzäiteg aus bestëmmte Grënn eidel sinn. Hei géing et dorëm goen, d’Spekulatioun ze ënnerbannen.
De Lex Delles ass dorobber agaangen, dass déi meeschten Terrainen an ëffentlecher Hand wieren. Dofir misste massiv Ausschreiwunge lancéiert ginn. Den Undeel un ëffentleche Locatiounswunnenge wier awer niddereg a misst an d’Luucht gesat ginn. Wann et bei bestëmmte Prozeduren am Logement net géing weidergoen, misst en Accord Tacite agefouert ginn, wann an engem bestëmmten Delai keng Äntwert kéim, sot de Parteipresident.
Besonnesch Beruffsufänger, déi nach kee Startkapital hunn, wëll een an Zukunft besser hëllefen, an den éischte Jore kënnen ze lounen. Da soll nach eng eemoleg Befreiung vun den Enregistrementskäschten agefouert ginn, wat de Gesamtpräis vum Logement géing ëm 7 Prozent drécken. Doriwwer eraus soll de “Mietkauf” gefuerdert ginn, an d’Entreprisë sollen d’Salariéë bis zu 35 Joer kënne bei der Locatioun ënnerstëtzen, duerch eng steierfräi “Miet-Prämie”. D’Logementsaidë missten dann an deem Moos eropgesat ginn, dass se der Hausse vun de Käschten entspriechen, huet d’Carole Hartmann nach ënnerstrach.