HabschtE PAG a seng juristesch Suitten

Serge Pauly
Firwat gouf et den 3. Mäerz an der Habschter Gemeng a beim Habschter Buergermeeschter doheem eng Perquisitioun? Mir hu bei de Concernéierten nogefrot.
PAG zu Habscht a seng juristesch Suitten
Firwat gouf et den 3. Mäerz an der Habschter Gemeng a beim Habschter Buergermeeschter doheem eng Perquisitioun? Mir hu bei de Concernéierten nogefrot.

Dem Georges Simon seng Famill huet zu a ronderëm Habscht divers Terrainen. Wéi hie virun zwee Joer d'Pläng vum neien allgemenge Bebauungsplang PAG studéiert huet, a mat deem ale verglach huet, gouf hie stutzeg. En Deel vum Familljebesëtz géif elo net méi zum Bauperimeter gehéieren. E puer Ar hei, e puer Ar do. Am Ganzen eng knapp zwee Hektar, huet de Georges Simon ausgerechent.

Op anerer Plaze wier de Bauperimeter vergréissert ginn. Hien erzielt eis vu sengem Verdacht. Dass d'Terraine vu senger Famill deklasséiert goufen, fir dass am Géigenzuch Terraine vu Lokalpolitiker an deenen hire Famillje besser klasséiert ginn. Hie viséiert virun allem zwee Lokalpolitiker. Wat déi un Terrain dobäi kruten, géif quasi deem entspriechen, wat hie verluer huet.

Hien ënnermauert seng Reproche mat engem konkrete Beispill. Do geet et ëm Bongerten, déi am neien allgemenge Bebauungsplang als "Zone Jardinière" klasséiert sinn. Et wär eng Kompensatiounsmesur, well den Terrain ënnendrënner am Laf vun de Prozeduren aus enger geplangter Biotop-Zon erausgeholl gi wär. En Terrain, deen der Famill vum Buergermeeschter gehéiert. Dat wär keen Zoufall, seet de Georges Simon.

De Buergermeeschter Serge Hoffmann kann dës Reprochen net novollzéien. Bei deenen Terraine wier no objektive Krittären decidéiert ginn an net dono gekuckt wie Proprietär ass: “Den Här Simon misst och wëssen, dass et do och Terrainen ouni Beem ginn, déi hinne gehéieren, déi net "Zone Jardinière" ass. Déi Zon ass just präzis do, wou de Bongert ass. An da muss een och wëssen, dass et zimmlech egal ass, wéi dat klasséiert ass. Et ass eng "Zone Habitat 1", wou ee souwisou nëmme vir laanscht d'Strooss bauen däerf.”

Den alen allgemenge Bebauungsplang vun der Gemeng Habscht aus de 70er Joren ass nach handgemoolt, mat décken, heiansdo net ganz präzise Strécher. E wier vun engem renomméierte Bureau d'étude digitaliséiert ginn. Dobäi wier net gefuddelt ginn, weder zu Gonschte vun deem engen, nach zu Ongonschte vun engem aneren. Den CSV-Politiker Hoffmann betount: "Eisen Optrag war et, den ale PAG z’iwwerhuelen, ouni iergendeppes drun ze änneren, ausser wann et iergendwou bewosst Erweiderunge gouf. De Bureau d'étude seet ons, dass dat, wat op den neie Pläng drop ass, mat Geo-Referencing, dat ass dat, wat am ale PAG wor."

Et steet also Ausso géint Ausso. Béid Parteie waarden elo gespaant, ob a wéi eng juristesch Konsequenzen dësen neie PAG kritt.

Back to Top
CIM LOGO