Wocheréckbléck vun der SantéE Plus vun 89% bei den Neiinfektiounen tëscht dem 3. an 9. Januar

RTL Lëtzebuerg
D’lescht Woch gouf et nees eng staark Hausse bei de Covid-Neiinfektiounen, dat geet aus der Retrospektive vun der Santé ervir.

Nodeems et virdrun schonns eng Hausse ëm 110 Prozent gi war, geet et elo nach eng Kéier ëm 89 Prozent an d’Luucht. Domat läit Lëtzebuerg bei 10.680 Neiinfektiounen an der Woch vum 3. op den 9. Januar. 12 weider Persoune sinn dann a Relatioun mat Covid-19 verstuerwen.

13/01/2022 Covid Weekly Resumé 7h30 (Online)

Den Inzidenztaux, deen ugëtt wéi vill Leit sech pro Woch op 100.000 Awunner infizéiert hunn, ass op ronn 1.700 Neiinfektioune geklommen. D’lescht Woch louch dësen nëmmen hallef esou héich. Am meeschten huet de Virus sech ënnert deene Jonke bis 29 Joer verbreet. Do ass den Inzidenztaux ëm méi wéi 100 Prozent an d’Luucht gaangen. Enn zejoert war nach eng staark Hausse bei de Leit iwwer 75 Joer festgehale ginn. Hei gouf et eng Augmentatioun ëm 48 Prozent.

Et hunn da mussen eng 69 Patiente mat Covid an der Klinik behandelt ginn. 49 op der normaler Statioun. 27 dovunner waren net geimpft. Vun den 20 Patienten op der Intensivstatioun waren der 13 net geimpft.

D’Impfcampagne kënnt den Ament e bëssi méi séier viru wéi Enn 2021. Eng 3.900 Leit hu sech fir d’éischt Kéier impfe gelooss. Enn d’lescht Joer waren et der nach 800 manner. Eng 5.400 Leit hunn an der genannter Woch hir Impfung ofgeschloss. Domat sinn elo hei am Land 450.400 Persoune komplett geimpft, wat 81,4 Prozent vun der Populatioun entsprécht.

PDF: Wocheréckbléck an Zuelen

Back to Top
CIM LOGO