
An der Fiels hat et kuerz virun 23 Auer an der Rue d’Ernzen gebrannt. E Kamäin hat hei Feier gefaangen. Kengen ass eppes geschitt.
Eppes no 5 Auer e Méindeg de Moien ass um CR309 bei Donkels en Auto op d’Kopp gaangen. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.
Géint 7.40 Auer koumen tëscht Bleesbréck a Bettenduerf zwee Ween net laanschteneen. Och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.