
E Méindeg den Owend gouf e Gefier op der Tréierer A1 Héicht Fluessweiler wéinst geféierlecher Fuerweis gemellt. Eng Policepatrull huet de Chauffer kuerz drop ausgemaach a kontrolléiert. Beim Alkoholtest koum eraus, dass de maximal erlaabten Héchstwäert iwwerschratt war. De Permis war deemno fort.
Zur gläicher Zäit krut d’Police eng offensichtlech alkoholiséiert Persoun an engem Bistro zu Biissen gemellt, déi versiche géif, mat hirem Auto fortzefueren. D’Automobilistin gouf kuerz drop vun enger Patrull gestoppt. Den Otemtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Kuerz no Hallefnuecht dann ass eng Policepatrull op der Escher A4 Héicht Sortie Leideleng eng Camionnette opmierksam ginn, déi ouni Luuchten an am Zickzack gesteiert gouf. Bei der uschléissender Kontroll hunn d’Polizisten e staarken Alkoholgeroch bemierkt. Den Otemtest war dann och positiv an de Chauffer krut e provisoresche Fuerverbuet.