Lunghi-Affär viru GeriichtE Reportage mat negative Suitten

Diana Hoffmann
En Dënschdeg geet de Prozess an der sougenannter Lunghi-Affär un. Véier Persoune musse sech an deem Kader virum Stater Geriicht veräntwerten.
© RTL (Archiv)

De véier Ugeklote gëtt Calomnie, Diffamatioun an onfräiwëlleg Kierperverletzung wéinst “troubles psychiques” vum fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi reprochéiert.

D’Faite ginn op den Hierscht viru 6 an engem hallwe Joer zréck. Am Oktober 2016 hat RTL an der Emissioun “Den Nol op de Kapp” e Reportage ausgestraalt, an deem eng RTL-Journalistin vum deemolege Mudam-Direkter wëllt wëssen, wat him un de Biller vun enger Lëtzebuergescher Kënschtlerin net géing gefalen a wisou dës net géingen ausgestallt ginn. Den Direkter, dee bis dohi minuttelaang op d’Froe geäntwert huet, verléiert d’Gedold. “Dat ass keng Fro, dat ass eng Sauerei”, seet hien a geet e puer Meter hin an hier. Kuerz drop péckt hien d’Journalistin um Handgelenk, wou si de Mikro hält, zitt dëst erof an zischt an aggressivem Toun: “Lo ganz seriö, wann s de dat bréngs, schwätzen ech ni méi mat dir”, a verschwënnt an d’Muséesgebai.

Net ze gesinn am Reportage, deen dono ausgestraalt gouf, war, dass d’Journalistin déi selwecht Fro ëmmer nees widderholl huet. Den Interview ass nom Virfall an aller Rou nach minuttelaang weidergefouert ginn. Am Hannergrond vun de sougenannte Rushen, also dem Réimaterial, ass dann och nach den Enrico Lunghi ze héieren, dee mat enger gewësser Onsécherheet zu der Journalistin seet: “Et deet mer leed. Ech gi seele rosen. Mee do war ech wierklech rose ginn,… ech hat d’Gefill, ech muss mech...ech fannen dat net fair. Ech verstinn dat elo awer...”. Am Réimaterial vum Interview ass dann och festzestellen, dass den Enrico Lunghi an d’Kënschtlerin sech scho méi laang kennen an hie fir d’X-te Kéier mam Sujet konfrontéiert gouf.

Ob de Reportage, wéi en um Enn war, sollt an der Emissioun “Den Nol op de Kapp” ausgestraalt ginn, respektiv ob d’Manéier vum Opbau korrekt wier, do war ee sech och intern bei RTL net eens. Ma nodeems dësen trotzdeem ausgestraalt gi war, huet de Premier an deemolege Kulturminister Xavier Bettel eng Verwarnung géint den Enrico Lunghi ausgesprach. Esou e Verhale wier inakzeptabel, sou de Premier. D’Alia, Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l’Audiovisuel, huet kritiséiert, dass Toun a Bild verfälscht erëmgi wieren an esou net méi der Realitéit entsprach hätten.

Déi ganz Affär huet schliisslech zu der Demissioun vum Mudam-Direkter Enrico Lunghi a vum laangjäregen RTL-Generaldirekter Alain Berwick gefouert. Dësen, souwéi de Programmdirekter Steve Schmit, den Auteur vum Reportage Marc Thoma an d’Journalistin, déi den Interview gefouert huet, d’Sophie Schram, musse sech vun en Dënschdeg bis en Donneschdeg viru Geriicht veräntwerten.

Den éischte Prozessdag war allerdéngs méi séier op en Enn, wéi erwaart. Et gouf iwwert Recevabilitéit vu verschiddene Piècen diskutéiert, a firwat d’Instruktioun 6 Joer gedauert huet. Dunn huet De Gaston Vogel, Defense vun der ugekloter Sophie Schram, uginn, e wier um Wee op d’Geriicht gefall a kéint wéinst Péng net weider un der Sëtzung deelhuelen. D’Verhandlung gouf dowéinst op e Mëttwoch verluecht. De Prozess ass op 3 Deeg ugesat.

Back to Top
CIM LOGO