
Dat neit Loyersgesetz ass net am Interessi vun de Locatairen, dat soe souwuel d’Pirate wéi och Déi Lénk. Et wier laang op e Gesetz gewaart ginn, dat de Marché besser sollt reguléieren, ma déi aktuell Propos “ass ganz kloer ee Kaddo fir Investisseuren a Groussgrondbesëtzer”, dat schreiwen d’Piraten an hirem Communiqué.
“Déi Lénk” schwätze vun engem “schlechte Witz”. Géintiwwer der Press huet d’Partei gesot, et géing een dem Logementsminister Henri Kox noleeën, ze demissionéieren. Hien hätt eng Politik versprach, déi hie net géing ëmsetzen. De grénge Politiker géing refuséieren, seng Responsabilitéit ze iwwerhuelen an amplaz de Marché gewäerde loossen. Wéi d’Pirate sinn och “Déi Lénk” der Meenung, dass d’Gewënner vum neie Gesetz déi Leit sinn, déi viru Jore Wunnenge kaf hunn, fir ze verlounen. Ma net nëmmen d’Locatairë géinge mam neie Gesetz als Verléierer ervirgoen, mee och, wien elo eng éischten Immobilie keeft.
Allgemeng kritiséiere béid Parteien nämlech, dass d’Koeffizienter, mat deene bestoend Wunnengen an Haiser solle reevaluéiert ginn, zolidd an d’Luucht gesat goufen. Dës Koeffizienter riichte sech mam neie Gesetzestext no deem aktuelle Marchéspräis. De Logement, dee soll verlount ginn, gëtt da mam Koeffizient vum Joer, wou d’Wunneng kaf gouf, reevaluéiert an de Loyer gëtt dann dorop gerechent, och wann d’Wunneng u sech viru Joerzéngten zu engem vill méi niddrege Präis kaf gouf.
Och wann de Plaffong vu 5 Prozent vum investéierte Kapital op 3,5 Prozent erofgesat gëtt, géing duerch déi nei Koeffizienter de maximale legale Loyer bei ale Wunnengen an Haiser souguer klammen. Bei neie Logementer, déi forcement net musse reevaluéiert ginn, hätt d’Reduktioun vum Taux en Impakt no ënnen, ma et wieren awer méi al Locatiounswunnengen an -Haiser um Marché, ewéi neier.
Fir Déi Lénk an d’Piraten ass d’Gesetz kontraproduktiv, well sech d’Loyere mam neie Gesetz op e Wunnengsmaart géinge baséieren, deen – wéi d’Pirate schreiwen – ausser Kontroll geroden ass. “Déi exzessiv an oft spekulativ Präisentwécklung”, esou déi Lénk, hätt op direktem Wee en Afloss op d’Berechnung vun engem maximale Loyer, dee legal dierf gefrot ginn.
Et hätt ee sech e Gesetz gewënscht, deen eng weider Präisspiral no uewe géing verhënneren. Amplaz wier dee neien Text dorop aus, dem Investisseur säin investéiert Kapital ze rentabiliséieren. D’Pirate fuerderen eng Politik, déi méi d’Locatairen a kleng Proprietären, esou wéi och Leit, déi elo hiert éischt Logement kafen, an de Virdergrond stellt. “Déi Lénk” wëllen, dass déi proposéiert Koeffizienter fir d’Reevaluatioun vum investéierte Kapital zeréckgezu ginn.
“Déi Lénk” hunn op hirer Pressekonferenz nieft deem neie Loyersgesetz och d’Steiermesurë kritiséiert. D’Steier fir d’Mobiliséierung vu Bauterrainen a Wunnengen, déi eidel stinn, an och nach op d’Grondsteier géingen net d’Zil erreechen, fir de Logementsmarché an de Grëff ze kréien. All dës Ännerunge wiere net déifgräifend genuch a géinge grouss Proprietären ëmmer nach bevirdeelegen.
Déi dräi Steieren am Logement wieren ze niddreg ugesat, kéimen ze spéit an den Impakt géing sech réischt laangfristeg weisen.
Bis d’Mobilisatiounssteier zum Beispill gräift an d’Terraine kéinte besteiert an doduerch mobiliséiert ginn, géinge nach Jore vergoen. Ma d’Logementskrise weist sech awer elo, esou d’Nathalie Oberweis. Doriwwer eraus kritiséieren déi Lénk, dass keng Progressivitéit bei der Mobilisatiounssteier virgesinn ass. Wien 30 Terraine besëtzt, bezilt déi nämmlecht Steier, wéi de Besëtzer vun 3 Terrainen. Dat wier net dee richtege Message.
Och d’Grondsteier sollt progressiv mam Besëtz klammen, fir engem zentrale Problem vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart Rechnung ze droen, nämlech dass ganz wéineg Leit ganz vill besëtzen.
RTL-News: No Kritik vu Mieterschutz ASBL - Henri Kox reagéiert: All eenzele Co-Locataire huet Usproch op Subventiounen
Invité vun der Redaktioun (3. November) - Fabio Spirinelli: “Fir eis ass de Logementsministère an engem Widdersproch”