Op der Aire de WasserbilligE sëllege Camionschaufferen, grad ewéi Automobiliste goufe protokolléiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg goufen op der Aire de Wasserbillig iwwer 30 Camione vun der Lëtzebuerger an der däitscher Police kontrolléiert.
© Police

An 18 Fäll hunn d’Chauffere sech net un déi virgeschriwwe Lenk- a Rouzäite gehalen.

6 Chaufferen hu musse bezuelen, well hir Luedung net richteg geséchert war.

8 mol huet et da geheescht eng Verwarnung bezuelen, well entweder verschidde Pabeiere gefeelt hunn, well de Chauffer telefonéiert huet, oder well en net ugestréckt war.

Ma net just d’Camionschauffere stoungen am Viséier vun der Kontroll. Och 16 Automobilisten hu musse verwarnt ginn, well se sech net un d’Schëlter op dem Areal vun der Aire de Wasserbillig gehalen hunn.

Am Kader vun de “Freisener Gespräche” ginn et zanter 2008 reegelméisseg Kontrollen am Grenzgebitt, bei deene Lëtzebuerger Polizisten och u Kontrollen am Saarland an a Rheinland-Pfalz deelhuelen. Heibäi geet et drëm Erfarungen auszetauschen, eng grenziwwerschreidend Strategie bei der Kriminalitéitsbekämpfung, grad ewéi d’Fërderung vun der internationaler Zesummenaarbecht am Beräich vum Schwéiertransport.

Back to Top
CIM LOGO