LiichtmëssdagE Sonndeg huet et nees geheescht "Léiwer Herrgottsblieschen"

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet een nees e bësse besser am Stroosseverkéier missen oppassen, well d'Kanner liichte gaange sinn.

E Sonndeg, 2. Februar, war nees Liichtmëssdag.

Traditionell sinn d'Kanner mat hire Lampionen - oder méi korrekt Liichtebengelcher - vun Haus zu Haus gaangen a krute Séissegkeeten oder Suen, och wa se vu "Speck an Ierbesse" gesongen hunn...

D'Sécurité Routière hat wéi all Joer nees e puer Recommandatiounen erausginn, wéi ee sech mat de Kanner laanscht d'Strooss ze verhalen huet. Am Beschten ass et natierlech um Trëttoir ze goen. Fir iwwer d'Strooss ze goen, soll een den Zebrasträife benotzen a wa keen do ass, op enger vu béide Säiten iwwersiichtlecher Plaz eriwwer goen.

Wichteg war et och, datt d'Kanner hellt Gezei unhaten a fir datt d'Automobilisten d'Kanner nach besser gesinn hunn, liichtreflektéierend Accessoiren oder Gileten sollte se um Kierper hunn.

Un d'Chauffere war et iwwerdeems den Appell, lues ze maachen, fir datt déi Kleng a Sécherheet konnten no "Speck an Ierbessen" heesche goen.

PDF: Schreiwes vun der Sécurité Routière

Wat ass Liichtmëssdag? D'Kolleege vun RTL Today hu sech dat emol ugekuckt

Op Wikipedia: Iwwert de Brauch vum Liichten

Wéi aner Feierdeeg och, ass Liichtmëssdag eng Mëschung aus alen, "heednesche" Bräich, op déi e kierchlecht Fest dropgeprafft gouf.

Zréck geet et op d'keltescht Fest vum Imbolc, dat den 1. Februar zu Éiere vun der Gëttin Brigid gefeiert gouf, an dat Rengegung an d'Fruchtbarkeet um Enn vum Wanter zum Thema hat. D'Bauere sinn an enger Prëssessioun mat Fakelen op d'Felder gezunn, an hunn d'Gëttin ugebiet, si soll d'Felder rengegen, éier se nei ausgeséint géifen. Och d'réimescht Lupercus-fest, benannt no engem Gott vun der Fruchtbarkeet an den Déierenträpp, dat ëm de 15. Februar gefeiert gouf, spillt hei mat eran.

Am 5. Joerhonnert huet de Poopst Gelasius I. dës Riten duerch d'"Lutefest" ersat, dat doru soll erënneren, wéi der Bibel no de Jesus am Tempel presentéiert gouf an d'Maria doduerch och gerengegt sollt ginn. No jiddesche Riten hunn d'Mamme missen hiren éischtgebuerene Jong 40 Deeg, nodeem en op d'Welt koum, am Tempel presentéieren. An de Kierche goufen dann d'Fakelen duerch Käerzen ersat, déi da geseent a vun de Leit versuergt goufen, fir se bei Gefor (Donnerwiederen, asw.) ofzebrennen.

Den 3. Februar ass iwwregens den Dag vum hellege Blasius, dee schonn dacks um Virowend gefeiert gëtt - also op Liichtmëssdag. De Blasius hat am 4. Joerhonnert, der Legend no, e Kand gerett, dat bal un enger Sprenz erstéckt war.

Doraus ass de Blasius-Seegen entstanen, deen doraus besteet, zwou Käerzen iwwer Kräiz virun den Hals ze halen, fir sech virun Halskrankheeten oder Erstécken ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO