Virun dräi Joer huet d’Ettelbrécker Synagog, déi e Monument national ass, nach no allem ausgesinn, mee net no deem, fir dat si 1870 gebaut ginn ass. An dräi Etappe gouf si verännert, ëmmer nees ëmgebaut, zerstéiert. 2019 huet sech eng asbl gegrënnt, déi deenen ale Maueren hiert Gesiicht vu fréier wollt erëm ginn. An och wann dat haut nach net ganz realiséiert ass, gesäit een, wéi d’Symbol vun der jüddescher Communautéit zu Ettelbréck, Enn 2024 kéint ausgesinn. Wa mer haut vergläiche mat deem, wéi et virun 3 Joer ausgesinn huet, gesi mer zwar plakeg oppe Maueren, mee d’Spezialisten hunn a minutiéiser Aarbecht, kleng Faarwpartikele fonnt, déi vu fréier zielen. Ma och bannenan feelt eppes, eng Trap, déi an der Keller goung. No-gebaut, mee kloer net authentesch, an et gëtt eng aner Entrée, vu baussen, bei eng Zort Thermen.
Zënter 2019 gëtt et d’asbl, déi sech viirgeholl huet, dëse fir d’Geschicht vun Ettelbréck wichtege Patrimoine ze erhalten – oder, besser -nees opzebauen. Iwwregens falen eis Journées du Patrimoine mat den europäeschen Jewisheritagedays zesummen. Eng Partie Méint brauche se nach, fir d’Ettelbrécker Synagog nees zu deem ze maachen, wat se mol war. Fir reliéis Zeremonien wäert se allerdéngs net méi gebraucht ginn, dofir fir edukativ Zwecker… fir dass d’Zukunft d’Vergaangenheet net vergësst.