Schwéieren AarbechtsaccidentE Stéck vun engem Kamäin ass op en Aarbechter gefall

RTL Lëtzebuerg
Géint 13.25 Auer en Donneschdeg de Mëtteg war et an engem Gebai an der Rue de la Vallée zu Äischen zu engem uergen Aarbechtsaccident komm.
Air Rescue
Air Rescue
© Air Rescue

Wéi d’Police mellt, hätt sech hei e Stéck vun engem Kamäin lassgeléist a wier op en Aarbechter gefall. De Mann gouf op der Plaz medezinesch versuergt an duerno mam Helikopter an d’Spidol transportéiert. Hie soll schwéier blesséiert sinn awer net a Liewensgefor schwiewen.

D’ITM gouf iwwert den Tëschefall informéiert an et gouf e Rapport geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO