
5 Sitten, op den Territoire vun der Gemeng verdeelt, wiere méiglech, sou d’Soler (Société Luxembourgeoise des Energies Renouvelables S.A) no den éischten Analysen. An enger zweeter Phas iwwerhuelen d’Experten aus dem Ëmweltberäich. An der Gemeng Lënster leien Natura 2000 a Vulleschutzzonen.
De Schäfferot an d’Conseillere vu Jonglënster wëllen de Wandpark, a geet et dem Buergermeeschter no, kritt d’Gemeng och een! Grad emol 12 Kilometer läit Lënster vun der Stad ewech a wann een tëscht Gonnereng a Buerglënster z.B. eppes méi Héijes wéilt opriichten, dierf een d’Afluchschneis vum Findel net vergiessen. Et ass eng Géigend mat e puer Contrainten, mee wat Eoliennen ugeet, och mat engem gewësse Potential, an dofir huet d’Soler, déi Wandparke plangt, opriicht a bedreift, no enger éischter Analys 5 méiglech Sitten identifizéiert, op deenen eng Eolienne kéint dréien.
1998 haten d’Bierger, sou ginn d’Awunner vu Buerglënster genannt, sech géint 8 Eoliennen, uewen op de Felder, gewiert. Bal op den Dag genee 25 Joer méi spéit, lauschtert ee brav an intresséiert no, obschonns gemauschelt gëtt, de Schäfferot hätt mam Projet Wandpark hannert dem Bierg hale wëllen.
De Romain Reitz, CSV Buergermeeschter, trëtt am Juni net méi un.
Eolienne kënne polariséieren, weess och d’Soler, déi sech transparent nennt, an am Respekt vun den Oplage wëllt schaffen. Ee vun ugangs 6 Sitten ass wéinst Vulleschutz ewech gefall, déi aner 5 wiere méiglech, mat Ofweien a Kompromësser fannen an zesummeschaffen mat Experten, der Centrale Ornithologique z.B. An dann zielt: kreativ an innovativ sinn. Deemnächst soll e Pilotprojet ulafen, deen d’Sécherheet vun der Vullepopulatioun viséiert: duerch Kamerae géifen d’Milanen z.B. erkannt an d’Rotore géinge stoppen, sou den Direkter vu Soler, Paul Zeimet.
Rout– a Schwaarzmilan an de Schwaarzstorch gi reegelméisseg gesinn.

Tëscht Amber an Allënster soll, trotz Vulleschutzgebitt, eng Anlag kommen. Bei Roudemer géing et goen, eng Eolienne uewe bei Guedber wier och dran an dann eng um Bierg. Där hir 250 Meter dauchen nieft dem Buerglënster Schlass op – suboptimal, wat Patrimoine ugeet! D’Associatioun D’Frënn vum Bierger Schlass fäert, dass dëst Wandrad, dat bis op ronn 800 Meter un d’Duerf eru stoe kënnt, dem Volet kulturelle Patrimoine kéint schueden. Den Challenge ass eng Optioun ze fannen, mat där jidderee ka liewen. Duerch d’Inconnue 380.000 Volt Héichspannung an där hiren Tracé, deen nach net public ass, gëtt eng Decisioun net méi einfach.