Um Stater Geriicht"Ech sinn net inculpéiert ginn", sou de Beschëllegten

RTL Lëtzebuerg
Dëst war engem Mann seng Verdeedegungslinn e Mëttwoch op der Cour d'appel an der Stad an enger Affär vun Abus de faiblesse.

Am Mäerz war hien dowéinst zu 4 Joer Prisong veruerteelt ginn, zwee dovu mat Sursis probatoire, woubäi d'Haaptoplo déi vun der Entschiedegung vum Affer war. Et war dem Mann virgehäit ginn, tëscht Juli 2015 a Februar 2017 vun der Schwächt vun enger Fra profitéiert ze hunn, fir ronn 515.000 € vun hir ze kréien.

E Mëttwoch hunn de Mann a säin Affekot ëmmer nees drop higewisen, datt et an dëser Affär eben net zu enger Uklo komm wär.

Affär ëm Abus de faiblesse / Rep. Eric Ewald

De Beschëllegten, dee sech, wat de Fong vun der Affär ugeet, selwer verdeedegt huet, huet quasi op all Fro vun der Presidentin vum Geriicht mam Saz geäntwert: „Ech sinn net beschëllegt ginn!" Dofir wéilt hien net zum Fong schwätzen, huet de Mann gemengt, an et wären och zwee Zeien, déi hien héiere wollt, net zitéiert ginn.

Um Ufank vun der Sëtzung hat de Me Roby Schons, Affekot vum Ugekloten, vu prozeduralen Inkoherenze geschwat, déi zu engem Prozess gefouert hätten, dee kee wär. Säi Client wär ni wéinst Abus de faiblesse ugeklot respektiv inculpéiert ginn, ier hien de Mond opgemaach oder seng Rechter virgelies kritt hätt. Nieft engem separaten Uerteel dozou wollt de Me Roby Schons ë.a. nach eng Question préjudicielle un d'Verfassungsgeriicht gestallt gesinn; d'Riichterin huet no enger Ënnerbriechung erkläert, et géif een am Uerteel dorop agoen.

Do virdrun hat d'Vertriederin vum Parquet général zur Inculpatioun bemierkt, datt bannent 5 Deeg kee Recours dogéint gemaach gi wär an d'Argumenter vum Affekot domat verwierkt wären. Wouropshin de Beschëllegte seng Verdeedegung selwer iwwerholl huet a wësse wollt, ob et z.B. beim Virworf vun Abus de faiblesse bleiwe géif. D'Presidentin vum Geriicht huet him dorop geäntwert, dass et, ouni der Vertriederin vum Parquet général virgräifen ze wëllen, emol bei der Fuerderung vun der Confirmatioun vum 1. Uerteel bleiwe kéint. D'Äntwert vum Mann heirop war op en Neits, datt hien net zum Fong schwätze géif!

Nodeems de Me Marc Lentz, Affekot vun der Partie civile, d'Confirmatioun vum Uerteel aus 1. Instanz gefrot hat, huet sech d'Vertriederin vum Parquet général deem ugeschloss.

D'Appeluerteel gëtt de 27. November gesprach.

Back to Top
CIM LOGO