Invité vun der Redaktioun (3. Dezember) - Francine ClosenerEducatioun a Gläichstellung vu Mann a Fra als Prioritéiten

Pit Everling
En Dënschdeg de Moie war déi nei Deputéiert vun der LSAP eis Invitée vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Francine Closener
En Dënschdeg de Moie war déi nei Deputéiert vun der LSAP eis Invitée vun der Redaktioun.

Et war keng einfach Decisioun fir d'Deputéiertemandat unzehuelen. Meng Aarbecht fir d'Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausseministère huet mer nämlech gutt gefall. Dat sot d'Francine Closener am RTL-Interview.

Si réckelt um Dënschdeg fir d'LSAP an d'Chamber no, dat nodeems de Marc Angel an d'Europa-Parlament gewiesselt ass.

Ech maachen awer gäre Politik, wëll d'Zukunft vum Land gäre mat gestalten, sou déi nei sozialistesch Deputéiert, déi enttäuscht war vun hirem Resultat bei de Walen. Hir Prioritéite wäerten ënnert anerem Educatioun a Gläichstellung vu Fra a Mann sinn.

D'Francine Closener

Ob si an d'Regierung géif noréckelen, wann den Etienne Schneider säi Mandat opgëtt, wollt d'Francine Closener net kommentéieren.

D'LSAP géif op alle Fall méi wéi jee gebraucht ginn hei am Land. A wa se sech richteg opstellt, dann ass mer net Baang ëm meng Partei, sou nach d'Francine Closener.

En Dënschdeg de Moie war déi nei Deputéiert vun der LSAP eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO