Healthcare WeekEe Bléck an d'Zukunft vun der Medezin

Mariette Zenners
E Mëttwoch de Moie war d'Ouverture vun der 1. Editioun vun der Healthcare Week zu Lëtzebuerg. U wie riicht sech dës Expo a wat gëtt et genee ze gesinn?
Healthcare Week: Ee Bléck an d'Zukunft vun der Medezin
Healthcare Week: E Mëttwochmoie war d’Ouverture vun der éischter Editioun vun der Healthcare Week zu Lëtzebuerg.

Health Care Week / Reportage Lisa Weisgerber

Wäiss Kiddelen a Spidolstenuë gesäit een net, obwuel dës Foire sech ausschliisslech ëm de Gesondheetssecteur vu Lëtzebuerg an der Groussregioun dréint. Souwuel d’CNS, wéi Patientenassociatiounen oder Firmen, déi mat de Spideeler schaffen: et fënnt een eng ganz Panoplie vu Stänn. D’Zil wier, déi Beschten aus dem Gesondheetssecteur zesummenzebréngen an déi verschidde Partner mateneen ze vernetzen, esou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Et geet drëms, d’Acteuren, déi d’Zukunft denken, beieneen ze bréngen. Et muss een Inspiratioun a Partner fannen, fir dat wat an der Zukunft wëlles ass.

Op der Expo presentéieren och eng ganz Rei Start-uppen hir Projeten. Fir si bitt sech d’Méiglechkeet, Kontakter mat grousse Firmen ze knäppen an Iddien auszetauschen. D’Start-uppe wieren ee wichtegen Deel am Developpement vum Gesondheetssecteur a missten dofir och ënnerstëtzt ginn, esou d’Gesondheetsministesch.

“D’Start-uppe kënnen hëllefen, wa si mat neien Iddie kommen, wéi een zum Beispill méi effikass ka schaffen. Déi personaliséiert Medezin ass och dat, wat d’Zukunft schreift. D’Start-uppe sinn déi, déi sech eppes Neies trauen, dofir brauche si och Ënnerstëtzung.”

Wärend der Foire ginn och Präisser an dräi verschiddene Kategorië verdeelt, fir d’Start-up vum Joer; de medezinesche Projet vum Joer a fir den innovatiivste Projet fir Spidolsmanagement. Fir hei matzemaachen, missten d’Kandidate verschidde Krittären erfëllen, esou de Secretaire général vun der Federatioun fir Lëtzebuergesch Spideeler, Sylvain Vitali.

“D’Iddie sollen an der Groussregioun developpéiert gi sinn a sollten och schonn deelweis amgaange sinn ëmgesat ze ginn an der Groussregioun. Et kënne Firmen, Start-uppen, Ekippen aus Spideeler oder och ganz Spideeler deelhuelen”

D’Healthcare Week ass nach bis dëse Freideg an der Luxexpo um Kierchbierg an ass op fir de Grand public. Méi Informatioune fannt Dir um Internetsite vun der Luxexpo.

Back to Top
CIM LOGO